𝗚𝗘𝗡𝗨𝗖𝗛 𝗭𝗘 𝗗𝗜𝗡𝗡 𝙎𝙖𝙢𝙪𝙚𝙡 𝙃𝙖𝙢𝙚𝙣, 𝙇𝙞𝙨𝙨 𝙎𝙘𝙝𝙤𝙡𝙩𝙚𝙨 Et gëtt « genuch ze dinn » - an dësem Monolog genee sou wéi an der Welt, déi sech Lëtzebuerg nennt : Eng jonk Fra geréit op engem Festival an e Schluet. Op eemol ass si op sech zeréckgeworf, op hire Versuch, sech als Independante eng Zukunft mat engem Foodtruck opzebauen. Am Damp vum Kniddelswaasser stelle sech hir d’Froe vun engem souveräne Liewen : Wéi eng Ligen hunn hir d’Elteren als falsch Wäisheete mat op de Wee ginn? A wéi war namol d’Zesummeliewe mat hirem Ex, engem Auteur, dee sech just fir zwou Saachen interesséiert, fir sech selwer a fir d’Literatur? An der Mise en scène vun der Liss Scholtes gëtt d’Bün zu engem Fräiraum, deen d’Protagonistin fir sech reklaméiert. D’Anne Klein als Entrepreneuse flucht a beschwéiert sech, klot un a rëselt un engem Glécksverspriechen, dat fir ëmmer manner Leit zu Lëtzebuerg gëllt. Am Samuel Hamen sengem Monolog geet et séier ëm alles: ëm d’Iessen an ëm d’Léift, ëm falsch interkulturell Echangen an ëm d’Fräiheet, d’Wuert ze ergräifen, grad dann, wa kee bereet ass, engem nozelauschteren. Photo Credit: Pit Reding 𝗞𝗥𝗘𝗗𝗜𝗧𝗘𝗥: 𝗧𝗲𝘅𝘁: Samuel Hamen 𝗥𝗲𝗴𝗶𝗲: Liss Scholtes 𝗠𝗮𝗺: Anne Klein 𝗠𝗮𝘁 𝗱𝗲𝗿 𝗞𝗼𝗻𝘁𝗿𝗶𝗯𝘂𝘁𝗶𝗼𝘂𝗻 𝘃𝘂𝗺: Konstantin Rommelfangen 𝗭𝗲𝗲𝗻𝗼𝗴𝗿𝗮𝗳𝗶𝗲 𝗮 𝗞𝗼𝘀𝘁𝘂̈𝗺𝗲𝗿: Loriana Casagrande 𝗩𝗶𝗱𝗲𝗼: Gilles Seyler 𝗧𝗲𝗰𝗵𝗻𝗲𝘀𝗰𝗵 𝗥𝗲𝗴𝗶𝗲: Gilles Heinisch 𝗟𝘂𝘂𝗰𝗵𝘁𝗲𝗸𝗿𝗲𝗮𝘁𝗶𝗼𝘂𝗻: Steve Demuth 𝗣𝗿𝗼𝗱𝘂𝗸𝘁𝗶𝗼𝘂𝗻: Kulturfabrik 𝗞𝗼-𝗣𝗿𝗼𝗱𝘂𝗸𝘁𝗶𝗼𝘂𝗻: Mierscher Theater
Erhalte Updates zu deinen Favoriten: neue Termine für Künstler bzw. Locations und Erinnerungen vor Events. Du kannst die Benachrichtigungseinstellungen in deiner Favoriten-Liste jederzeit ändern.